9
Nov
2009

pff

salut hei sin ech rem, den weekend war okay mee huet komesch ge-endet...geschter war ech relax virum fernseh mam nello an mir hun heieren wei den aalen heem komm ass, garage opgangen hien geet erop...normal...an dann PAHHH! dier geet mega mega fest zou! nee et war keen duerchzuch mee erem hien wou besoff war!!! sou fest haat en nach nie mat der dier geklakt! bon den volume vum fernseh war op den max gedreint gin wei mol heiansdo och wann en besoff ass, an ech haat mega angscht! den nello ass erop gangen huet huet den fernseh mei lues gedreint, mee nix ze man hien war anscheinend an engem mega schlechten zoustand...an huet geblärt virum fernseh an an d hänn geklappt. mir kucken fir en appartement...nello well fort mee ech hun d gefill en kann net vun doheem lassloossen, an well d preiser och deier sin, hun zwar virdrun um i-net gekuckt an et sin do e puer sachen wou net esou deier sin, an wann een sws zu 2 ass geet daat, elo mol kucken waat en mei wichteg fennt, eisen doheem ze hun, leit anzelueden an eis rou ze hun an dofir ze bezuelen, oder gratis wunnen an net dierfen ze man waat een well... den frenseh ass reischt geint 23h ausgangen...ech hun geint metternuecht geschlof mee den nello soot en hätt net vill geschlof an net gudd, ech mengen daat beschäftegt hien nach mei daat plenneren...

13
Okt
2009

hello

vill ze din chepi? wei ass et an aerem appartement hun d noperen opgehaalen blöd ze gin? mir hun nach eng deck rido kaaf fir dei dier dei an den gaart feiert. ass vum ikea an mega schein :) majo an den buffet vum ikea steet och elo an der kichen geseit richteg schnuckeleg aus elo bei eis. mir mussen nach just den sous-toit fixeieren virun der dier baussen fir daat et net eranreent am wanter :) meng elteren waren och schon bei mir doheem, den Klengen wiest an lacht vill, mir gesin en weinstens e mol an der woch an meng elteren sin elo 2 wochen ausser land, do sin et elo 33 grad!!!!! waat eng chance... allez bis geschwenn... ;)

22
Sep
2009

salut und tschüss italien

majo hei sin ech erem aus italien aus dem norden...d wieder war degueulasse mee d auberge leif kleng an mir hun eis esou gudd entspaannt, dei 4 deeg hun eis gudd gedoen. mir sin en donneschten ukomm, owes, no mega stau weinst accident 1-2 stonnen stau...mir waren frou erem hei ze sin an en plus d wieder war bessen mei warm an accueillant, richteg gudd ;) mir heieren eis erem an gesin eis bestemmt och geschwen ;) decken kuss iech 2!

31
Aug
2009

a new weeeek!

salut dir 2, haut geet eng nei woch un...et ass esou roueg hei daat ech mech nach kann um internet hei beschäftegen. also wann eng vun iech well eng bitzmachine kaafen, gidd an den conforama, net deier, net komplizeiert, an mengen et geet föllegen duer fir debütant. 89 euros. hun se direkt kaaf, well dei am blokker 10 euros mei deier war hun ech net gezögert fir dei ze kaafen, hun se nach net probeiert well haate keng zeit. et muss een schon zeit an gedold hun fir daat alles genee duerchzekucken, freen mech awer! :) !!!! nach 2 wochen an dann geet et ab an d vakanz! mir waren e samsten den owend op fouer, war relax, hun keen gesin deen ech net wollt gesin, an den s. zu mir: oh ech waert bestemmt keen hei treffen deen ech kennen...an 3-4 mol sin mir stoen bliwen, well en leit kannt huet hehehe. 3-4 tippen wou mat em an der schoul am lycee waren :) mir haaten bamis an churros giess, an wou mir geitn 22h fort waren do sin gaaanz vill leit ereicht komm fir op fouer...virum grenge spill war war vill platz, net wei soss emmer wous de nie lanscht kenns...! bis gleich :)

26
Aug
2009

Waaaahnsinn

Moien. Ech wees vu mir selwer, dass ech am Moment deck explosiv sin, dofir kann et och sin, dass ech iwerdreiwen (awer just e bessi).

Aalso.

Geschter Owend wou mir schon am Schlofzemmer waren, sou geint halwer 10, schellt op eemol dem f. sain handy. Hien kuckt drop an seet: et as deng Mamm. Ech mer geduecht natierlech, dass eppes geschit as... Hun dat net verstaan, firwat dass sie dem f. op den Handy urifft, an net bei eis Heem. Aaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaa.

Ech hun opgehuewen, an hun gefrot wat as. An sie: Ech hat een Appel en Absence an wollt wessen, obs du mir ugeruf hues. Aaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaa. Ech: Firwat hues du net op de Festnetz ugeruf. Mir sin jo Doheem. Sie: Et as besaat. Ech: Nee et as net besaat. Sie: Dach. Ech: Nee, probeier nach eng Keier.

Sie nach eng Keier op den Festnetz ugeruff, natierlech as et gaang. Sie freet dann sou: An, wie geet et iech? Ech: Ganz gud, an dir? Sie: Ech wollt nach eppes wessen. Geschter war Antschulina an dat R. Geschäft, eppes sichen, wat hat bestallt huet, an die Verkeeferin wollt keng Suen, sie huet him dat einfach sou gin, well sie sot, du (also ech) geifs hier iergendeppes molen. Firwat muss du schaffen, fir dass mir iergendeppes vun der Fra geschenkt kreien?

Aaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaa.

Ech hat guer keng Ahnung vu naischt. En plus war ech mega genervt, well ech et HAASSEN um tel. ze schwätzen, an d'Mamm respekteiert dat net. Ech gin geckeg.

Sie huet sech mat mir opgereegt, sie hätt sos keng Zait mir unzeruffen, well sie geif schaffen. An well sie mir jo net daerft op d'Aarbecht uruffen, kann sie mir just owes uruffen, an bla bla bla.

Ech hat hier eng Keier gesot, dass dat guer net gud ugesin gett, wann een hei op der Aarbecht privat telefoneiert. Dofir well ech op der Aarbecht net uruffen, et sief dann et as ee Noutfall. Dann war sie natierlech beleidegt.

Ech sot hier geschter: Mamm, mir gesin eis dach muer, firwat riffs du mech owes um halwer 10 un an frees mech saachen, die guer net wichteg sin.

Aaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaa!!!!

As dat zevill verlaangt, ech well einfach net weinst iergend engem Blödsinn telefoneieren. Ech haassen den Telefon. Wann deen, den en erfont huet nach geif liewen, dann geif ech en erscheissen!

Ech fannen dat souwisou allerhand, dass een hautesdags mengt, et keint een den aneren stéieren, just well een grad Loscht huet ze schwätzen. An wann den Telefon doheem besaat as, dann rifft een op alleguer d'Handysnummeren dei ee kennt, fir onbedengt un die Persoun ze kommen, obwuel et guer net wichteg as!!!!! Aaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaa. Hiiilfe.

Wat soll ech maachen? Sin ech vereckt oder wat as lass?
logo

reality circus

privat Gespréicher tëscht 3 verréckt Leit :)

User Status

Du bist nicht angemeldet.

Aktuelle Beiträge

I AM AGGRESSIVE
hello peeps!! hei sin ech mueres frei an fresch aus...
antschulina - 16. Nov, 10:12
hui
dat ass awa krasti!! merci chepi fir deng wensch :)...
antschulina - 12. Nov, 11:26
hmm. deck krass! geschitt...
hmm. deck krass! geschitt sou eppes dann oft? wann...
chepi - 9. Nov, 16:30
pff
salut hei sin ech rem, den weekend war okay mee huet...
frupsi - 9. Nov, 12:53
interessant^^
also hallo!! ech wa schon eng zeitschen net online...
antschulina - 15. Okt, 12:28

Links

Suche

 

Status

Online seit 5389 Tagen
Zuletzt aktualisiert: 8. Sep, 09:21

Credits


Wahnsënn
Profil
Abmelden
Weblog abonnieren